Invité:e vum Dag
Anne Schaaf & Kim Nommesch
Zanter Hierscht huet de Kultur- a gesellschaftspolitesche Magazin Forum eng nei Gestiounsequipe. D’Politologin Kim Nommesch an d’Historikerin Anne Schaaf koordinéieren d’Bäitreeg, d’Interviewen an d’Artikele vun externen Experten zu spezifeschen Themefelder.
Et ass eng Traditioun am Haus Forum, datt jonk, héich motivéiert a frësch diploméiert Historiker a Politologen d’Gestioun am Haus féieren. Fir déi nei Coordinatricen huet dat domadder ze dinn, datt de Magazin de gesellschaftlechen Debat vill aus de Beräicher Politik a Geschicht beliicht.
“Mir bréngen en anere Bléck mat eran, well mir laang am Ausland gelieft hunn”, seet d’Kim Nommesch. D’Anne Schaaf war iwwerdeems positiv iwwerrascht, wéi oppen Forum fir nei Iddien ass. D’Historikerin huet selwer an der aktueller Editioun eng Serie lancéiert iwwert d’Geschicht vun der Pornografie.
Schwéierpunktthema am Forum vum November sinn d’Verhandlungen am Virfeld vun der Klimakonferenz vu Paräis.
D'Mick Entringer huet sech mam Anne Schaaf a Kim Nommesch ënnerhal.