Kultur
Lëtzebuerger Planzejeeër am MNHN (2. Deel)
De Naturmusée ass bis ugangs Dezember wéinst Renovatiounsaarbechten zou. Dat bedeit awer fir d‘Équipe net, datt se Paus hätt. D'Preparatiounen zu der grousser Réouverture-Ausstellung ‘Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine’ lafen op Héichtouren. Am 19. an ugangs des 20. Joerhonnerst goufen et zu Lëtzebuerg gréisser Emigratiounswellen, haaptsächlech an Nordamerika, mee an engem méi limitéierten Ëmfang och a Latäinamerika. Allerdéngs sinn déi meescht Versich -vun haaptsächlech Klengbaueren an Handwierker- a Südbrasilien, Guatemala oder Argentinien Fouss ze faassen, an engem Fiasko geendegt. Méi Erfolleg haten d'Explorateuren an Aventurierse vu Lëtzebuerg. Zum Beispill de lëtzebuerger Agronom a Biolog Edouard Luja.