Invité:e vum Dag
Jutta Lux-Hennecke
De Verband vun den Elterenassociatiounen ass net consultéiert gi fir den Aktiounsplang vum Educatiounsministère iwwert de “Partenariat Famill a Schoul”. An deem Projet ass och virgesi fir eng national Vertriedung vun den Elteren ze schafen. “Déi gëtt et schonn”, seet d’Presidentin vun der FAPEL. D’Jutta Lux-Hennecke kritiséiert d’Spléckung vun der Eltereschaft a gewielte Vertrieder an de Schoulen engersäits, an a Membere vun Elterenassociatiounen anerersäits.
D’FAPEL ass géint de geplangtene gemeinsame Wäerteunterrecht. “Relioun ass e Schoulfach”, esou d’Jutta Lux- Hennecke, déi fir de Choix tëscht zwee Coursen ass.
Un den Educatiounsminister ass et dernieft den Appel bei der Lycéesreform aktiv ze ginn.
Zanter der Grondschoulreform wären d’Diere vun de Klassesäll méi grouss opgaang, seet d’Jutta Lux Hennecke. Et géing awer um Terrain vu Säite vun den Enseignanten ëmmer nach eng grouss Ofwierhaltung géigeniwwer Eltere ginn.