Kultur
Gespréich mam Generaldirekter vum Grupp Kinepolis
Et ass elo confirméiert: Utopia S.A. gëtt vu Kinepolis Group iwwerholl. Zu Lëtzebuerg sinn den Utopolis Kierchbierg, den Utopolis Belval an de Ciné Utopia betraff. Dozou kommen nach den Utopolis zu Lonkech a fënnef Kinoen an Holland. D'Reprise vun deene véier Kinoen vun der Utopia S.A. an der Belsch muss nach vun der belscher Konkurrenz-Autoritéit validéiert ginn.
Am Gespréich mam Cléo Thoma erkläert de Generaldirekter vu Kinepolis, den Eddy Duquenne, dass sech fir de Kinospublikum zu Lëtzebuerg am Prinzip näischt soll änneren. Kinepolis hätt Erfahrunge mat ganz verschiddene lokale Clientèlen. Als éischt géif een elo Mol observéieren, an dann eventuell d'Offer upassen.
Zu méiglechen Ëmstrukturéierungen beim Personal vun der Utopia S.A. sot den Eddy Duquenne, et wier bei Kinepolis üblech fir mat lokalen de Equippen ze schaffen. Déi géifen di lokal Marchéen a Kulturen am Beschte kennen. Déi international Struktur vu Kinepolis wier relativ kleng. De Grupp ass matzen an der Expansioun, sou de Kinepolis-CEO, a brauch dofir all Talenter déi disponibel sinn.
D’Cléo Thoma huet sech mam Eddy Duquenne ënnerhal.