Kultur
/ D'Ausstellung ‘Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine’
D'Ausstellung ‘Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine’
De Naturmusée ass bis ugangs Dezember wéinst Renovatiounsaarbechten zou. Dat bedeit awer fir d‘Équipe net, dat se Paus hätt. D'Preparatiounen zu der grousser Réouverture-Ausstellung ‘Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine’ lafen op Héichtouren. Am 19. Joerhonnert goufen et zu Lëtzebuerg gréisser Emigratiounswellen, haaptsächlech an Nordamerika, mee an engem méi limitéierten Ëmfang och a Latäinamerika. Allerdéngs sinn déi meescht Versich -vun haaptsächlech Klengbaueren an Handwierker- a Südbrasilien, Guatemala oder Argentinien Fouss ze faassen, an engem Fiasko geendegt. Méi Erfolleg haten d'Explorateuren an Aventurierse vu Lëtzebuerg. Hier Biografien an Découverte ginn an der MNHN-Expo vun Dezember un presentéiert.