Invité:e vum Dag
Marco Boly
De Marco Boly, Interimsdirekter vun der Gewerbeinspektioun, huet den Optrag kritt fir dës Verwaltung ze restrukturéieren. Datt d’Inspection du travail et des mines (ITM) an engem desolaten Zoustand war, weess een net eréischt zënter der Verëffentlechung am Mäerz vun engem weideren Audit. D’Verwaltung, déi sech em d’Kontroll vun der Aarbechtswelt bekëmmert, wier vu strukturelle Problemer geplot, déi iwwert d’Joere gewuess sinn. Déi meescht wieren zënter 2002 bekannt. War politesche Wëllen do? Den Interimsdirekter léisst déi Fro am Raum stoen.
Zënter Mäerz huet d’ITM endlech en Organigramm. De Gesetzprojet, deen der ITM méi Sanktiounsméiglechkeete soll ginn, ass ënnerwee. Elo ass een amgaang, Prozesser z’identifizéieren, Prozeduren ze schreiwen an, virun allem, d’Missioune vun der Gewerbeinspektioun genee ze definéieren, sou de Marco Boly am 100,7-Interview.
No 22 Joer am Privatsecteur ass hien am Oktober d’lescht Joer an den ëffentlechen Déngscht, bei d’ITM gewiesselt. Am Januar vun dësem Joer huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit dem Marco Boly ee Joer ginn, fir d’Verwaltung ze restrukturéieren. De Marco Boly gesäit sech selwer senger Aufgab gewuess, hie géif den néidege “bagage technique” matbréngen. Wa säin offiziellt Mandat Enn dës Joers ausleeft, da wier hie gär bereet, weiderzefueren.