arrow_back_ios
Blue Note
Shai Maestro
Ee Mount nom Concert vum Avishai Cohen kënnt elo säi fréiere Pianist, de Shai Maestro mat sengem eegenen Trio an de Cube op Maarnech. De Jitz Jeitz presentéiert dësen israeleschen Jazzmuseker, a fëllt de Rescht vun der Emissioun mat Musek vu Pianisten, déi sech och gär an dacks an dëser klassescher Jazzform vum Trio Piano, Bass a Batterie ausdrécken, wéi de Brad Mehldau, de Fred Hersch, de Vijay Iyer, de Christian Jacob an de Michel Reis mam Trio RDW.