Invité:e vum Dag
François Bausch
D’Regierung hätt “eng Léisung fonnt” a Bezuch op d’Luxair-Aktien, déi d’Lufthansa wëll verkafen, sou den Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister de moien op eiser Antenn. Fir d’éischt géif de François Bausch mar Dënschdeg d’Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun informéieren. De grénge Minister huet dann un all d’Acteure bei der Cargolux appeléiert, ee Kompromëss bei de Verhandlungen ëm een neie Kollektivvertrag ze fannen.
D’Verhandlungen tëscht der Cargolux an dem chineseschen Investisseur HNCA iwwert déi geplangte gemeinsam Joint-Venture lafe ganz gutt, esou de François Bausch. Dem Nohaltegkeets- a Infrastrukturminister no, géing keng eenzeg Aarbechtsplaz vu Lëtzebuerg a China verlagert ginn. Hien verhandelt aktuell mat de chineseschen Autoritéite fir weider Fluggrechter fir d’Cargolux ze kréien, fir vu China aus an d’USA kënnen ze fléien. Suerge mëscht sech de Minister par konter iwwert d’Kollektivvertragsverhandlungen. Wat een sech elo am mannste bei der Cargolux kéint leeschten, wär e Streik, esou de François Bausch. Et ass den Appel u béid Säite fir eng Kompromëssléisung ze fannen.
An Zukunft soll op de Kontrollstatiounen och de Stéckstoff-Oxid bei den Autoen gemooss ginn. Bis op Weideres ass awer - anescht wéi bei de CO2 Emissiounen - net envisagéiert fir Stéckstoff-Oxid-Emissioune bei den Autoen ze taxéieren.