Kultur
Alain Delon: Provokateur och mat 80 Joer
Dem Alain Delon seng graff Zich am Gesiicht , besonnesch ronderëm de Mond si verschwonne, se si méi douce ginn, an och säi Bléck ass net méi sou pertinent a sou kal.
Ma säin Driff zur Provokatioun huet den Alain Delon awer net verluer. "Firwat dierfen d’Franzousen net zum Front National tendéieren, wann se et mat der Politik vun der Gauche bis uewen hinn hunn", huet de Alain Delon an engem Interview mam Magazin “TV-Magazine” gefrot.
De Cineast Pihlippe Kohly huet en Documentaire mam Titel “Alain Delon, cet Inconnu” realiséiert, e Porträt fir deen den Kohly Interviewen vum Delon aus 40 Joer Karriär analyséiert huet, an e probéiert hannert d’Fassade vum äiskalen Engel ze kucken.