Kultur
Luxembourg Art Week: De Goût vum Publikum
Tëscht dem 3. an dem 8. November ass an de Victor Hugo's Halen um Lampertsbierg déi 1. Luxembourg Art Week. De Projet ass duerch d'Kollaboratioun tëscht der Asbl art contemporain.lu, dem Cercle Artistique de Luxembourg, der Agence Luxembourgeoise d'action culturelle an der Stad Lëtzebuerg entstanen. 19 Galerien aus der Groussregioun presentéieren zäitgenëssesch Konscht, et ginn Débaten, Visite guidéeën a Concerten. Wéi wäit musse verschidde Galeristen hire Programm dem Lëtzebuerger Public upassen? Explikatioune mam Kerstin Thalau.