Kultur
PICelectroNIC festival for headbanging kids and grooving parents
Schonn di 7. Editioun, awer di 1. Kéier an de Rotonden zu Bouneweg: de PICelectroNIC mécht dëse Weekend seng Dieren op fir all headbanging kids a grooving parents di Loscht hunn sech bei Concert'en, Spektakelen, Installatiounen, spillereschen Atelier'en a gemittleche Kläng musikalesch ze amëséieren. Fir ganz entspaant kënnen een oder zwee Deeg um PICelectroNIC ze verbréngen huet een am beschten sech am Viraus e Pass fir een oder di zwee Deeg online ze besuergen, a sech iwwer Méiglechkeete fir dohin ze kommen, wie natierlech och d'Offer di een do erwaard ze informéieren - op www.rotondes.lu