Kultur
Luxembourg Art Week: Roll vum klasseschen Vernissage
Tëscht dem 3. an dem 8. November ass an de Victor Hugo's Halen um Lampertsbierg déi 1. Luxembourg Art Week. De Projet ass duerch d'Kollaboratioun tëscht der Asbl art contemporain.lu, dem Cercle Artistique de Luxembourg, der Agence Luxembourgeoise d'action culturelle an der Stad Lëtzebuerg entstanen. 19 Galerien aus der Groussregioun presentéieren zäitgenëssesch Konscht, et ginn Debatten, Visite guidéeën a Concerten. Bedeit dat, datt de klassesche Vernissage fir d'Galeristen 'out' ass?