Blue Note
10 Joer Liquid
Ee vun den Hot-Spots wat de lëtzebuergeschen Jazz ugeet, ass mat Sécherheet de Liquid am Gronn. E Café, deen zënteriwwert engem Joerzéngt den Jazz an de Blues ennerstëtzt a mat ëm 100 Concerten eng wichteg Plaz ass, fir an enger Club-Atmosphär all Zort vu Musek lauschteren ze goen.
Haut am Interview ass den Jean-Mathieu Imbert, dee sech ënnert anerem ëm d’Programmatioun bekëmmert an deen an der Zeen bekannt ass als de Mann fir Alles.
De Pol Belardi an de Pit Dahm kucken haut op 10 Joer Liquid zréck mat virun allem Musek vun Artisten, déi schonn am Liquid gespillt hunn.