Kultur
E Film-Auteur à part: de Pier Paolo Pasolini
Haut op den Dag sinn et 40 Joer hir datt den italienesche Cineast, Schrëftsteller a Journalist Pier Paolo Pasolini ëmbruecht gouf. Wien d’Mäerder waren a wat genee hir Motivatioun war, ass bis haut net gekläert. Gewosst ass awer, datt de Pasolini ee vun de markentesten Intellektuelle vum 20. Joerhonnert war, een deen d’Verfilzungen tëscht Muechthaber, Neofaschisten a Mafiosi dénoncéiert, an néfaste gesellschaftlech Entwécklungen, deels laang am Viraus, virausgesinn huet. Seng Filmografie hëlt an der europäescher Filmgeschicht, eng Plaz à part an. Mat den Themen, déi hien a senge Filmer behandelt huet, an zemools och an der Aart a Weis wéi hien seng iddien a Biller gefaasst huet, huet de Cineast sech wäit ewech vum Mainstream situéiert. Christianismus, Marxismus a Freudianismus ware seng grouss Inspiratiounen - hien huet awer eppes Eenzegaarteges, dacks Subversives, draus gemaach. D’Stater Cinémathéik dédiéiert dem Pier Paolo Pasolini am November an am Dezember eng grouss Retrospektiv.