Invité:e vum Dag
Corinne Cahen
Lëtzebuerg war gutt op d’Arrivée vun enger méi grousser Zuel vu Flüchtlinge virbereet, seet d’Familljen- an Integratiounsministesch, Corinne Cahen. Wéi héich déi Zuel kéint ginn, ass awer onkloer. Anescht wéi verschidden aner Länner wier Lëtzebuerg op déi aktuell Urgencesituatioun agestallt gewiescht, mengt d’DP-Ministesch. Schonn am Fréijoer hätt d’Regierung ugefaang en Szenario auszeschaffen. Dofir kéint Lëtzebuerg am Moment de néidegen éischten Accueil fir Flüchtlinge garantéieren.
Wéi vill Leit Lëtzebuerg ophuele kann, kéint sinn net soen, esou d’Ministesch. Et kéint een awer net vun enger gewësser Zuel un ufänken, “d’Grenzen zoumaachen an pickegen Drot héichzeien”. Eng Léisung zur Kris misst europäesch sinn, seet d’Corinne Cahen.
DP-Presidence: d’Corinne Cahen ass gefrot ginn
Déi liberal Familljen- an Integratiounsministesch well op Nofro hinn net soen, ob si Kandidatin ass fir Presidentin vun der Demokratescher Partei ze ginn. D’Corinne Cahen gëtt awer zou, datt se an der Partei dofir gefrot ginn ass. De Premier Xavier Bettel gëtt déi Funktioun a véier Wochen um DP-Kongress of.