Konferenzen
1940-50: Continuités et ruptures
1940-50: Continuités et ruptures
Sou war en internationale Colloque iwwert d‘Zäit vun der Besatzung an der Befreiung, den 23. a 24. Oktober 2015 am CNA iwwerschriwwen, am Kader vun der Sortie vum Film, Eng nei Zäit vum Christophe Wagner. "Kann d'Zukunft op Ligen opbauen?" Dëser Fro geet de Film no, deem säin Aktiounsfeld am Joer 1945 ass. De Film demonstréiert, wéi eng Gesellschaft sech mat der Vergaangenheet, déi net vergoe soll, auserneesetzt. D'Befreiung duerch d'Alliéiert gëtt dacks als radikalen Aschnëtt duergestallt. D'Erzielung doriwwer - déi de Film a Fro stellt - verschleiert allerdéngs muench Kontinuitéiten, déi nëmmen dann ersiichtlech ginn, wann d'Joerzéngt vu de 1940er Joren a senger Gesamtheet erfaasst gëtt. Un Hand vun internationale Fallbeispiller aus Politik, Film a Gesellschaft, huet de Colloque versicht, dëse Kontinuitéiten no ze goen. De Carlo Link huet de Colloque suivéiert a verschafft.