Invité:e vum Dag
Vincent Sybertz
De Retentiounszenter um Findel, wou ofgewisen Asyldemandeuren an Auslänner ouni Pabeieren ënnerbruecht ginn, wier réischt betraff wann d’Prozedure vun de neien Asyldemandeuren definitiv eriwwer sinn, esou de Vincent Sybertz, Direkter vun der Struktur.
Mam Gesetzprojet iwwert d’international Protectioun, deen am Moment an der zoustänneger Chamberkommissioun iwwerschafft gëtt, sollen Alternativen zur Retentioun proposéiert ginn. Zum Beispill Hausarrest oder elektronesch Foussfessel. Dem Direkter vum Centre de rétention um Findel seet et wier wichteg Alternativen ze hunn, mee laanscht Retentioun kéim ee net.