Kultur
Den Éischte Weltkrich aus der Vue vun engem deemolege Minister
Zesumme mat engem Enkel vum fréiere Minister Michel Welter, huet den CNL, zesummen mam Kulturministère an der Germaine Goetzinger, dat annotéiert a kommentéiert Tagebuch vum fréiere sozialistesche Politiker virgestallt. Am Buch fënnt ee ronn 260 verschidden Texter iwwert den Éischte Weltkrich hei zu Lëtzebuerg. Donieft mécht de Michel Welter an den Journalen eng perséinlech Analyse vun den Zoustänn an der lëtzebuergescher Gesellschaft an der Krichszäit