Invité:e vum Dag
Fred Keup
En Demokratie-Defizit gëtt et just, wann d’Leit hei am Land net méi matenee kënne schwätzen. Där Meenung ass de Fred Keup, Grënner vun der Plattform “Nee 2015, Wee 2050″. D’Plattform, déi beim Referendum de leschte Juni erfollegräich Campagne géint d’Auslännerwahlrecht gemaach huet, ass dogéint, datt d’Sproochenufuerderungen am Nationalitéitegesetz erof gesat ginn. “Mat engem Niveau A2, wéi en am Avant-Projet de loi vum Justizminister virgesinn ass, huet ee sécher net de Niveau fir un engem normale Gespréich kënnen deelzehuelen”, esou de Fred Keup.