Invité:e vum Dag
Hélène Ruiz Fabri vum Max Planck Institut
Et ass eng historesch Realitéit, datt d’Zivilgesellschaft bei Handelsaccorde manner Matsproocherecht hätt, esou d’Juristin Hélène Ruiz iwwert d’Verhandlungen zum europäesch-amerikanesche Fräihandelsaccord TTIP. Et wär eng Saach vu politeschem Wëlle fir dat ze änneren, seet d’Direktesch beim Max Planck Institut Lëtzebuerg. D’Hélène Ruiz Fabri ass Responsabel fir den Département “Droit international et règlement des differends”.