Blue Note
Michel Pilz
De Bassklarinettist Michel Pilz ass eng vun de bekannteste musikalesche Perséinlechkeeten hei zu Lëtzebuerg, hien dee schonns an de 60er a 70er Joren duerch déi grouss Welt getourt ass, op mam Globe Unity Orchestra vum Alexander von Schlippenbach, mat den German All Stars oder mam japanesche Trompettiste Itaru Oki. De Michel Pilz, deen dacks als musikaleschen Ierwe vum Eric Dolphy gezielt gëtt, gehéiert zu deene Museker, déi et am Laf vun de leschte 5 Joerzéngten op eng aussergewéinlech Manéier fäerdeg bruecht hunn, de free an avant garde Jazz salonfäeg ze maachen. Den Michel Pilz feiert dëse Mount säi 70. Gebuertsdag a war fir déi Geleeënheet beim Marco Reusch am Studio, fir seng aussergewéinlech musikalesch Carrière ze retracéieren.