Invité:e vum Dag
Paul-Henri Meyers
Den CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers ass sech net sécher, dass d’Aarbecht vun der Verfassungsreform pünktlech kënnen ofgeschloss gi fir de geplangte Verfassungsreferendum nach an dëser Legislaturperiod ze organiséieren. Ënnert anerem misst de Justizminister Braz sech nach festleeën, ob d’Verfassungsgeriicht ofgeschaf gëtt oder net.
De Paul-Henri Meyers betount awer, datt déi zoustänneg Chamberkommissioun bis op Weideres um Zil festhält, de Referendum virun de Chamberwahle vum Hierscht 2018 ze maachen. Parteipolitesch Consideratioune sollte beim Festleeë vum Termin keng Roll spillen, dofir wier d’Verfassungsreform ze wichteg.