Radioen

On air

Notturno  |  Lou Reed - New Sensations

play_arrow Live
arrow_back_ios

Fräie Mikro

100komma7.lu / Fräie Mikro

/ Flüchtlinge gëscht an haut

Flüchtlinge gëscht an haut

Um Beispill vum Ëmgank mat Flüchtlinge weist den Historiker Michel Pauly vun der Uni Lëtzebuerg, wéi historesch Fuerschung kann hëllefen, haut déi richteg politesch Entscheedungen ze treffen:

Den Thierry Grosbois huet rezent an der Zäitschrëft "Heemecht" eng laang Etüd iwwert d’Exilregierung publizéiert: wéi si da mat de Judden ëmgaang ass. Hien weist, wéi an den 30er Joren di verschidde Justizministeren ënnerschiddlech op d’Awanderung vun ëmmer méi Judden aus Däitschland, Éisträich an Tschechie reagéiert hunn. Wéi och di jüdesch Communautéit zu Lëtzebuerg gehollef huet a Sue gesammelt huet. Da beschreift en awer och, wéi d’Regierung am Exil ëmsoss bei de Briten, bei den Amerikaner, bei de belsche Kollegen ugeklappt huet, fir Judden aus Lëtzebuerg, déi d’Land verloosse wollten oder scho verlooss haten, opzehuelen. Si hunn all hir Dieren zougemaach.

Just Kuba, di kleng Dominikanesch Republik a Brasilien hunn e puer Dose Flüchtlingen aus Lëtzebuerg bei sech opgeholl, wou Dausender gehofft hunn, an d’USA ze flüchten. Den Auteur verstoppt och net, dass d’Lëtzebuerger Regierung a besonnesch de Staatsminister Pierre Dupong ëmmer nees betount hunn, dass se just fir Judde mat Lëtzebuerger Pass ëm Asyl géife froen, net fir di Dausenden däitsch, éisträichesch oder tschechesch Judden, déi virum 10. Mee 1940 op Lëtzebuerg komm waren. Mir kennen d’Enn vun der Geschicht: 1289 Judde goufe vu Lëtzebuerg aus a Vernichtungslager deportéiert, ganzer 81 hunn iwwerlieft.

Déi schrecklech Episod aus onser Geschicht geet mer net aus dem Kapp, wann ech gesi wéi haut Westeuropa matt Honnertdausende Flüchtlingen aus Syrien an dem Afghanistan konfrontéiert ass. Mee et ass kee Geheimnis, dass an de sougenannte soziale Medie vill Leit fäerten, duerch ons oppen Dieren an ons Hëllefsbereetschaft géif onse Wuelstand a Fro gestallt ginn oder si misste fir hir Sécherheet fäerten. An Däitschland, an Éisträich, an der Schwäiz ginn et jo scho Politiker, déi mat esou Froe probéiere, Walen ze gewannen. Déi Ängschte soll ee sécher serieux huelen an ëmmer nees als onbegrënnt widderleeën. Angscht féiert zu falschen Décisiounen, wéi viru 70 Joer. Riskéiere mer da net, dass a 70 Joer d’Historiker eis de Spigel wäerte virhalen an d’Politiker sech wéinst onsen zouen Diere mussen entschëllegen?

Episoden

Firwat gëtt d'ADR gewielt?

Déi 25 Gemengen, wou d'ADR bei den Europawale méi wéi 15 Prozent krut, leien all am ländleche Raum.
headphones

4 min

play_arrow

Zeréck hanner d‘Dëppen

D’Romantiséierung vum Réckschrëtt an traditionell Rollebiller, wou d’Fra sech dem Mann ënneruerdent ka keng Léisung sinn.
headphones

4 min

play_arrow

Vun Aarmut a Populismus

Populisten schwammen op der Well vun der Angscht virun Aarmut a Verloscht vu vermeintleche Privileegien

Schoul an Opklärung gehéieren zesummen

D’Schoul soll deene Jonken hëllefen de Kapp opzemaachen.
headphones

4 min

play_arrow

Firwat wiele Grenzgänger riets-nationalistesch Parteien?

Direkt hanner der Grenz hu 40 Prozent vun de Wieler fir de Rassemblement National gestëmmt.
headphones

4 min

play_arrow

Resistenz fréier an haut

Enger desastréiser Iwwerschwemmung vu Lige si mir an eisen Demokratien ausgesat.
headphones

4 min

play_arrow

D’Meedercher si vir

Si passen sech besser un eise Bildungssystem un.
headphones

4 min

play_arrow

De Client ass net méi de Kinnek

Déi menschlech Bezéiunge kréien nëmmen den zweete Präis.
headphones

4 min

play_arrow

Vun neien an ale Gëtter 2.0

Zu enger méi vernënfteger Politik wäert dat och dës Kéier net féieren.
headphones

4 min

play_arrow

Erënnerung un d'Bertha von Suttner: "Die Waffen nieder!“

Mat hirem Numm verbonne bleift hiren onermiddlechen Asaz fir de Fridden.
headphones

4 min

play_arrow

Net d'Flüchtlinge sinn eng Gefor fir d'EU ...

... mee déi Politiker a Parteien, déi d'Ängschten a Gefiller vun de Mënschen instrumentaliséieren.
headphones

4 min

play_arrow

Rietsradikal Parteien an Europa: verdeelt an trotzdeem widderstandsfäeg

Vun Donneschdeg bis Sonndeg gëtt en neit Europäescht Parlament gewielt.
headphones

5 min

play_arrow

Internationalen Dag géint Diskriminéierung vun LGBTIQ+ Persounen

Egal ob lesbesch, schwul, bi, trans, inter oder queer - Diskriminéierung gehéiert fir dës Persounen dacks zum Alldag.
headphones

4 min

play_arrow

Eng humanistesch Visioun fir en Europa vu muer

Eng vun den zentrale Froen ass déi vun der Verdeedegung vun de Mënscherechter.
headphones

4 min

play_arrow

Klimaschutz als Mënscherecht

Den Europäesche Geriichtshaff huet festgehalen, datt de Klimaschutz eng staatlech Flicht ass.
headphones

4 min

play_arrow

Trendsetter an der Schoul  

Sozial oder politesch Sujet'en, iwwer déi Erwuessener just diskutéieren, ginn am Mikrokosmos Schoul längst live getest
headphones

4 min

play_arrow

Eng gesamtgesellschaftlech Debatt iwwert de Rentesystem?

Wéi kënnt eng Rentereform ausgesinn?
headphones

4 min

play_arrow

Ongewëss demographesch Perspektiven

Ouni auslännesch Matbierger géif d` Bevëlkerung vu Lëtzebuerg mat der Zäit staark schrumpfen, wat eist Entwécklungsdynamik staark aschränken géif
headphones

4 min

play_arrow

Olympia, Politik a Mënscherechter

Onpolitesch Olympesch Spiller sinn e fromme Wonsch
headphones

4 min

play_arrow

Äddi, Natioun!

Lëtzebuerg ass am gaangen duerch sozial Exklusiounsprozesser am zu enger klientelistescher Finanzplaz ze regresséieren
headphones

4 min

play_arrow