Invité:e vum Dag
Marc Pierrard, Joa Baum a Sonia Salah
Déi Escher Brillschoul war ganz schlecht drun. Déi gréisste Grondschoul am Land war bal zegronn gaang wéinst de sozio-economesche Problemer am Quartier, de ville Sproochen, déi ënnert een Hutt ze brénge waren, dem Mësstraue vum Schoulpersonal an d’Institutiounen. Virun zwee Joer huet d’Schoul een neien Depart geholl.
Fir datt d’Equipe hannert dem neie Projet steet, gëtt d’Personal no engem bestëmmte Profil agestallt. Dat ass an anere Schoulen net esou. An der Brillschoul mussen d’Enseignante sech schrëftlech engagéieren, hannert de Methoden a Wäerter vun der Schoul ze stoen.
Déi nei Iddie goufen am Ufank haaptsächlech vun deenen Enseignanten oppen empfaang, déi nei waren, sou de Schoulpresident Marc Pierrard. Lues a lues hätt sech dunn d’Iwwerleeung duerchgesat, datt hei am Interêt vun der Schoul an de Kanner géif gehandelt ginn – an net géint een.