Radioen

On air

Notturno  |  Lou Reed - New Sensations

play_arrow Live
arrow_back_ios

Fräie Mikro

100komma7.lu / Fräie Mikro

/ E Weltkrich oder e weltwäite Krich?

E Weltkrich oder e weltwäite Krich?

Mëtt Oktober huet de François Heisbourg, President vun deem renomméierten International Institute for Strategic Studies dem Nouvel Observateur en interessanten Interview ginn. Ophänkert war dem Nouvel Observateur säin Haaptdossier: "La troisième guerre mondiale a-t-elle commencé?" Dem Politolog Heisbourg no hu mer am Moment kee Weltkrich, mee e weltwäite Krich. Op verschiddene Plazen op der Welt stinn sech Kontrahenten a Konflikter géintiwwer, déi méi oder manner regional sinn a bleiwen. Op anere Plaze gräifen déi Grouss direkt a lokal Konflikter an a maachen se esou extrem geféierlech.

De François Heisbourg vergläicht déi ablécklech Situatioun net mat engem Weltkrich, mee éischter mam Drëssegjärege Krich, enger Rei vu bewaffnete Konflikter, déi Europa vun 1618 bis 1648 zerrappt hunn. Fir hie sinn d’Konflikter tëschent de Protestanten an de Katholike vun deemools komparabel mat dem Sträit tëschent de Sunniten a Schiiten haut. Wat natierlech an enger globaliséierter, vernetzter an atomiséierter Welt de Risiko vun engem globale Konflikt enorm vergréissert, ass d’Tatsaach, dass d’Vereenegt Staaten a Russland verstäerkt direkt militäresch an déi lokal Konflikter, wéi z.B. a Syrien agräifen. An dat op verschiddene Säiten.

De russesche President Putin huet senge Regierungsmemberen erklärt – esou d’russesch Zeitung Kommersant – „firwat Russland den 30. September an en 3. Weltkrich agetruede wier“. Hien nennt di militäresch Aktioun a Syrien en „hellege Krich“. Fir d’éischt säit laanger Zäit stinn sech d’USA a Russland also erëm militäresch géintiwwer: an dat net nure a Syrien. Och am Persesche Golf kann dat sunnitescht Saudi-Arabien sech op säi gudden amerikanesche Frënd verloossen, wéi de schiiteschen Iran en treien Alliéierten zu Moskau huet. En anere potentielle Konfliktpunkt leit méi no bei eis. Di dräi baltesch Staaten – Membere vun der EU an der NATO – fillen sech vu Russland bedrot, dat ëmmer nees an hire Loftraum andréngt.

An ob mer d’Situatioun vun haut als 3. Weltkrich bezeechnen oder se mam 30-järege Krich aus dem 17. Jorhonnert vergläichen – eppes ass kloer: Aus der Geschicht léiere mer näischt. A fir d’Hannah Arendt ze paraphraséieren: Das Böse wird immer banaler.

De fräie Mikro vum Simone Beck:

Episoden

Firwat gëtt d'ADR gewielt?

Déi 25 Gemengen, wou d'ADR bei den Europawale méi wéi 15 Prozent krut, leien all am ländleche Raum.
headphones

4 min

play_arrow

Zeréck hanner d‘Dëppen

D’Romantiséierung vum Réckschrëtt an traditionell Rollebiller, wou d’Fra sech dem Mann ënneruerdent ka keng Léisung sinn.
headphones

4 min

play_arrow

Vun Aarmut a Populismus

Populisten schwammen op der Well vun der Angscht virun Aarmut a Verloscht vu vermeintleche Privileegien

Schoul an Opklärung gehéieren zesummen

D’Schoul soll deene Jonken hëllefen de Kapp opzemaachen.
headphones

4 min

play_arrow

Firwat wiele Grenzgänger riets-nationalistesch Parteien?

Direkt hanner der Grenz hu 40 Prozent vun de Wieler fir de Rassemblement National gestëmmt.
headphones

4 min

play_arrow

Resistenz fréier an haut

Enger desastréiser Iwwerschwemmung vu Lige si mir an eisen Demokratien ausgesat.
headphones

4 min

play_arrow

D’Meedercher si vir

Si passen sech besser un eise Bildungssystem un.
headphones

4 min

play_arrow

De Client ass net méi de Kinnek

Déi menschlech Bezéiunge kréien nëmmen den zweete Präis.
headphones

4 min

play_arrow

Vun neien an ale Gëtter 2.0

Zu enger méi vernënfteger Politik wäert dat och dës Kéier net féieren.
headphones

4 min

play_arrow

Erënnerung un d'Bertha von Suttner: "Die Waffen nieder!“

Mat hirem Numm verbonne bleift hiren onermiddlechen Asaz fir de Fridden.
headphones

4 min

play_arrow

Net d'Flüchtlinge sinn eng Gefor fir d'EU ...

... mee déi Politiker a Parteien, déi d'Ängschten a Gefiller vun de Mënschen instrumentaliséieren.
headphones

4 min

play_arrow

Rietsradikal Parteien an Europa: verdeelt an trotzdeem widderstandsfäeg

Vun Donneschdeg bis Sonndeg gëtt en neit Europäescht Parlament gewielt.
headphones

5 min

play_arrow

Internationalen Dag géint Diskriminéierung vun LGBTIQ+ Persounen

Egal ob lesbesch, schwul, bi, trans, inter oder queer - Diskriminéierung gehéiert fir dës Persounen dacks zum Alldag.
headphones

4 min

play_arrow

Eng humanistesch Visioun fir en Europa vu muer

Eng vun den zentrale Froen ass déi vun der Verdeedegung vun de Mënscherechter.
headphones

4 min

play_arrow

Klimaschutz als Mënscherecht

Den Europäesche Geriichtshaff huet festgehalen, datt de Klimaschutz eng staatlech Flicht ass.
headphones

4 min

play_arrow

Trendsetter an der Schoul  

Sozial oder politesch Sujet'en, iwwer déi Erwuessener just diskutéieren, ginn am Mikrokosmos Schoul längst live getest
headphones

4 min

play_arrow

Eng gesamtgesellschaftlech Debatt iwwert de Rentesystem?

Wéi kënnt eng Rentereform ausgesinn?
headphones

4 min

play_arrow

Ongewëss demographesch Perspektiven

Ouni auslännesch Matbierger géif d` Bevëlkerung vu Lëtzebuerg mat der Zäit staark schrumpfen, wat eist Entwécklungsdynamik staark aschränken géif
headphones

4 min

play_arrow

Olympia, Politik a Mënscherechter

Onpolitesch Olympesch Spiller sinn e fromme Wonsch
headphones

4 min

play_arrow

Äddi, Natioun!

Lëtzebuerg ass am gaangen duerch sozial Exklusiounsprozesser am zu enger klientelistescher Finanzplaz ze regresséieren
headphones

4 min

play_arrow