Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
“Invitéee vum Dag” waren de Moien d’Claudine Nosbusch an d’Jeannine Thill vun der Ligue HMC, fir den neie Projet “Go Inclusive” vir ze stellen. Zënter méi wéi engem hallwe Joerhonnert këmmert sech d’Ligue HMC ëm geeschteg behënnert Matmënschen, schafft awer och ganz engagéiert un der Inclusioun vun deene Leit. Genee dorëms geet et och bei “Go Inclusive”, mat enger Serie Konferenzen an Aarbechtsatelieren, vun Oktober bis Ugangs Dezember.(Rediff. vu 07:35)