Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Den 20. September sinn a Griicheland fir d’zweete Kéier dëst Joer Parlamentswahlen. Observateure ginn dervunn aus, datt vill Griichen aus Protest géint d’Weiderféiere vun der Austeritéitspolitik net wiele ginn. Am Juli hate bal 61 Prozent vun de Wieler sech an engem Referendum géint nei Spuermesüren ausgeschwat. Kuerz dono huet déi lénk Syriza-Regierung trotzdem engem neie Spuer- a Reformpak zougestëmmt, fir en neien europäeschen Hëllefskredit ze kréien. Iwwer d’Stëmmung am Land, annerhallef Woche virun de virgezunnen Neiwahlen huet d’Pia Oppel sech zu Athen mam Thierry Daman ënnerhal. De fréiere EU-Beamten lieft zënter 4 Joer an der griichescher Haaptstad.(Rediff. vu 07:35)