Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Am Kader vun der Geheimdéngschtaffär war 2013 bekannt ginn, datt de SREL während Jorzéngten innepolitesche Spionage gemaach huet. Lo sollen déi historesch Geheimdéngscht-Archiven opgeschafft ginn. Fir d’Aarbecht vun den Historiker ze regelen, huet de Staatsminister rezent ee Gesetzprojet op den Instanzewee bruecht. Iwwer dëse Projet schwätzt d’Pia Oppel mam fréieren Deputéierte vun déi Lénk Justin Turpel a mam fréiere Fraktiounssekretär vun deene Gréngen Abbes Jacoby: béid hu virun zwee Joer eng Plattform vun de Spëtzel-Affer mat gegrënnt. (Rediff. vu 07:35)