Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
De Fong deen d’Rentereseve geréiert, de sougenannte Compensatiouns-Fong huet d’lescht Joer een aussergewéinlech gudde Rendement gehat, an zwar vu ronn 11 Prozent. D’Rentereserve ass esou ëm eng Annerhallef Milliard Euro gewuess op 15 an eng Hallef Milliard. Fir iwwert dëst exceptionnelt Resultat ze schwätzen, mä och iwwert d’Zukunft vum Pensiounssystem, war de President vun der Pensiounskees a vum Compensatiounsfong de Robert Kieffer den Invité vum Dag beim François Aulner. (Rediff. vu 07:35)