Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
De Patrimoine ass eng vun hire ganz grousse Prioritéiten, seet d’Kulturministesch Maggy Nagel. An deem Kontext huet si kierzlech d’Extensioun vum Wenzel-Tour presentéiert. De Wenzel-Wee, dee vum Europarot als “itinéraire culturel exemplaire” definéiert gëtt, ass en Trëppeltour laanscht déi attraktiivste Sitë vun der Stad. No jorelaangen opwennegen Aarbechten duerch Sites et Monuments ass elo och de Rhumm-Plateau Bestanddeel dovunner. D’Cléo Thoma huet mat der Kulturministesch Maggy Nagel iwwert den erweiderte Wenzel-Tour geschwat. Als éischt erkläert d’Ministesch, wat dann elo nei derbäikoum. (Rediff. vu 07:35)