Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
D’Ursula Meissner ass eng däitsch Krisen- a Krichsfotografin. 1992 huet si hir éischt Fotoreportage iwwert d’Belagerung zu Sarajewo verëffentlecht a schafft zanterhier als fräi Fotojournalistin. Si publizéiert hir Reportagen ënner anerem a Magaziner wéi GEO an Nitro, schafft awer och fir Hëllefsorganisatioune wéi Misereo. Als Fotografin huet si ënner anerem aus dem Bosnie-Krich, aus Afghanistan, Ruanda, Syrien an de Palästinensergebidder bericht. Zanter 2012 ass d’Ursula Meissner och Dozentin fir Fotojournalismus op der Universitéit zu Tréier. Wéi een an dësem geféierleche Beruff iwwerlieft a wéi een déi schrecklech Biller vu Krich an Toud veraarbechte kann, huet d’Ursula Meissner dem Tessy Steffen-König an engem ausféierleche Gespréich erzielt. (Rediff. um 13:10)07.55 Traffic-Info, live aus dem ACL07.59 Meteo