Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
“D’Solidaritéit an Europa ass en dehnbare Begrëff ginn”, sot de lëtzebuerger Aarbechtsminister Nicolas Schmit de Moien hei op der Antenn. An der griichescher Scholdekris kéint Lëtzebuerg eng moderéierend Roll spillen, Richtung Kompromëss. Am Interview vum Dag huet sech d’Mick Entringer mam Nicolas Schmit ënnerhalen. Den LSAP-Minister ass während der Lëtzebuerger EU-Presidence zoustänneg fir d’Relatioune mam Europaparlament.(Rediff. vu 07:40)13:20 Parteien hunn d'WuertFir d'CSV schwätzen d'Stéphanie Weydert, Secrétaire générale adjointe an de Frank Kuffer, politesche Beroder zum Thema: « Déi nei Vize-Generalsekretärin vun der CSV am Portrait ».Fir den ADR schwätzt d'Marceline Goergen, Gemengeconseiller vun der Stad Lëtzebuerg zum Thema : « Identitéit, Referendum a friddlecht Zesummeliewen ».