Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Lëtzebuerg an d’Finanzplaz Lëtzebuerg sti regelméisseg am Mëttelpunkt vun der Kritik, wann et ëm d’international Steiergerechtegkeet geet. D’international Steiergerechtegkeet war gëschter Owend Sujet op enger Table an der Banque de Luxembourg, déi vum “Cercle de Cooperation des organisations de développement” organiséiert gouf. A besonnesch interessant op der Table Ronde, war ënnert anerem d’Debatte iwwert d’Aféiere vu Mesurë fir méi Transparenz. De François Aulner huet sech no der Table Ronde gëschter mat engem vun den Invitéen ënnerhal an zwar dem Managing Partner bei der Steier-Berodungs-Firma ATOZ, Keith O’Donnell.(Rediff. vu 07:40)13:20 Parteien hunn d'WuertFir d’ADR schwätzt den Alex Penning, Secrétaire général zum Thema: « D’ADR Positioun beim Referendum ».Fir d'CSV schwätzen de Claude Wiseler, Fraktiounspräsident a Frank Kuffer, politesche Beroder zum Thema : « Referendum vum 7. Juni: De richtege Wee fir d’Integratioun ass deen iwwert d’Nationalitéit ».