Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Invité vum Dag wor haut de Moien de Marc Ries vun de “Ponts et chaussées”, deen als Ingenieur zoustänneg ass fir d’Rehabilitatiounsaarbechten un der neier Bréck an der Stad.Um Mikro vum Gilles Wunsch huet de Marc Ries als éischt ee kuerze Réckbléck op déi offiziell Chantiersvisite gemaach an erklärt, wéi zefridden datt de Grand-Duc an och den zoustännegen Infrastrukturminister François Bausch sech gëschter iwwer d’Aarbechten um Pont Adolphe gewisen hunn ...(Rediff. vu 07:40)13:20 Parteien hunn d'Wuert:D’Thema fir d’Émissioun vun der CSV ass: « Jo zur Jugend mä Nee zum Erofsetze vum Wahlalter op 16 Joer ». Hei héiere mir den Här Laurent ZEIMET, Deputéierten a Generalsekretär vun der CSV an den Här Frank KUFFER, politesche Conseiller vun der CSV.D’Émissioun vun « Déi Gréng » huet als Thema: « E grousse Schratt fir Lëtzebuerg », et schwätzt d’Madame Françoise FOLMER, Presidentin vun Déi Gréng.