Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
16 min
“Dagegensein. Literatur der Aufständischen im Schlaraffenland” war d’Liesung den Dënschdeg Owend am Nationale Literaturzenter zu Miersch iwwerschriwwen. Den Titel ass eng Referenz op dem net onëmstriddenen däitsche Soziolog, Publizist an Zukunftsfuerscher Matthias Horx säi Wierk vun 1989 “Aufstand im Schlaraffenland”. D’Nathalie Bender huet sech doriwwer mam Matthias Horx selwer, awer och mat den dräi lëtzebuerger Auteure Maryse Krier, Marcel Gillander a Jhemp Hoscheit, grad wéi mam Direkter vum CNL, dem Claude D. Conter, ënnerhalen.