Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Invité vum Dag ass de Romain Meyer, Pressespriecher vun der CFL mat Explikatiounen iwwer deen neien Atelier Central, den zukünftegen Arrêt Pont-Rouge an aktuell Dossieren iwwer nei Zich a verbessert Strecken, déi de Passagéier vun der lëtzebuerger Eisebunn geschwënn proposéiert ginn. Am Ufank vum Gespréich goung et ëm den Atelier Central, dee virgëschter offiziell ageweit gouf, an als éischt wollte mer gewuer ginn, wéi néideg deen Atelier wor a wéi wäit d'CFL mam Projet zefridden ass.(Rediff. vu 07:40)13:20 Parteien hunn d'Wuert:Fir d'DP schwätzt d'Joëlle Elvinger, Deputéiert, zum Thema: « D’Zäit ass räif fir d’Wahlrecht ab 16 – déi Jonk sinn et och ».Fir Déi Lénk schwätzt de Marc Baum, Spriecher vun déi Lénk, zum Thema : « Demokratie stäerken ».