Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
An der Nuecht op e Sonndeg koum et zu deem schrecklechen Incident virun der libescher Côte wou schätzungsweis méi wéi 900 Mënschen ëmkomm sinn, dorënner Fraen a Kanner, déi an der Coque vum Boot agespaart waren, gëschter koumen nach weider Nouvellë vun dräi weidere Flüchtlingsbooter, déi et net bis an Italien gepackt hunn, doropshi gouf gëschter Mëtteg den EU-Conseil um Kierchbierg aberuff, wou den EU-Grenzschutzprogramm “Triton” an d'finanziell Mëttelen Haaptsujete waren. Den Invité vum Dag, de liberalen Europadeputéierte Charel Goerens war haut de Moie beim Philippe Hansen an ass, als éischt, op d’Haaptpunkte vun där Konferenz agaangen. (Rediff. vu 07:40)