Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Invitée vum Dag war haut de Moien d’Christa Brömmel, chargée politique vum CID Fraen a Gender, well muer 8. Mäerz Weltfraendag ass. De CID Fraen a Gender ass iwwregens Haaptacteur vun dëser Journée un där awer vill aner Organisatiounen, Associatiounen a Gewerkschafte bedeelegt sinn. Virop wollt de Philippe Hansen gewuer ginn, wéi wichteg den internationale Fraendag fir de CID ass an op wat hei, an der Haaptsaach, opmierksam gemaach wëll ginn. (Rediff. vu 07:40)