Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Invitée vum Dag war de Moie beim Jean Claude Majerus d'Anne Goeres, d’Directrice vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, eng Fondatioun, déi sech schonn zanter 25 Joer ëm d’Kanner an d’Familljen, déi mat der Situatioun vun enger schroer Krankheet konfrontéiert sinn, bekëmmert.D’Fondatioun huet d’lescht Woch op enger Pressekonferenz de Bilan 2014 presentéiert, an dat an engem fir d’Fondatioun, ganz wichtege Kader, nämlech do wou nach bis den 1. Mäerz d’Wanderausstellung “Together, we can be heroes” ze gesinn ass.An als éischt wollt de Jean Claude Majerus op den Titel vun der Ausstellung agoen, dee vill iwwert d’Aarbecht vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner ausseet, well eben nëmmen zesumme kann een eppes erreechen?(Rediff. vu 07:40)