Concert
Concert
Live-Matschnëtt vum Concert Hommage un de Buxtehude vum 4. Mäerz 2007 an der Kierch zu Bouffer am Kader vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette. Interpreten: Alain Wirth, Uergelpositiv, Thomas Kügler, Block- a Querflütt. Um Programm: Johann Sebastian Bach: Suite a re mineur (no BWV 997); Dietrich Buxtehude: Canzone /Toccata fir Uergel; Georg Friedrich Händel: Sonate a mi mineur; Dietrich Buxtehude: 2 Canzonetten a sol majeur WV 171 &172 fir Uergelsolo; Georg Philipp Telemann: Concert a la mineur; Dietrich Buxtehude: Präludium a sol mineur BuxWV 163 fir Uergelsolo; Johann Sebastian Bach: Triosonate a fa majeur (no BWV 529). Den Dietrich Buxtehude huet vu 1637 bis 1707 gelieft. Dëse Concert-Hommage, mat Wierker vu Buxtehude an Zäitgenossen wor am Kader vum 300. Doudesdag vum Komponist. Presentéiert vum Fernand Weides. (Rediff. mëttwochs um 14.00)