Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Zanter en Dënschdeg ass et offiziell, nodeems och de Stater Gemengerot dem Tom Leick seng Nominatioun als neien Direkter vun de Stater Theateren approuvéiert huet. Den Tom Leick iwwerhëlt seng nei Responsabilitéit den 1. Juli dëst Joer, a gëtt domat de Successeur vum Frank Feitler, deen 2001 Direkter vum groussen Theater gouf an elo am Summer an d’Pensioun geet. Hien ass forméierten Acteur mat derbäi och nach engem Diplom a Commerce a Gestioun, e schafft zanter 2006 am groussen Theater, wou e virun allem eng Cellule de Production, déi mat Opereproduktioune chargéiert ass, organiséiert huet. Invité vum Dag ass den Tom Leick an de Jean Claude Majerus huet sech mat him iwwert déi verschidden Aspekter vu senger neier Fonctioun ënnerhalen. (Rediff. vu 07:40)