Invité vum Dag ass de Mario Grotz, President vun Technoport mat Explikatiounen iwwer déi nei Gebailechkeeten, deemno d'Extensioun zu Féiz, déi den 21. Januar ageweit gouf. Do derniewent gouf et de Moie fréi e Bléck an d ‘Zukunft, well vill jonk start-up’en nach en Ënnerdaach zu Féiz brauchen. De Philippe Hansen wollt am Ufank vum Gespréich gewuer ginn, wéi grouss de Succès dann elo tatsächlech ass. (Rediff. vu 07:40)13:20 Parteien hunn d'Wuert:Fir d'LSAP schwätzt d'Taina Bofferding, Députéiert, zum Thema: « Trennung vu Kierch a Staat ».Fir d'CSV schwätzt de Georges Bach, Europadéputéierten zum Thema : « Passagéierdaten – Schutz virun Terroristen mee wéi ass et mam Schutz vun den Daten? ».
arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Episoden
Luc Heuschling
Den Droitsproffesser fuerdert, datt d'Léierpersonal besser an d'Decisiounsprozedure vun der Uni Lëtzebuerg agebonne gëtt. Mir froen hien, firwat dat esou wichteg ass.
Eric Bleyer (Direkter vun Aral Lëtzebuerg)
De Krich am Noen Osten huet an de leschten Deeg fir zolidd Präishaussen op den Tankstelle gesuergt. War dat just den Ufank? Mir froen de President vum Tankstelleverband GEML.
Yuriko Backes
Mat der zoustänneger Ministesch schwätze mir am Virfeld vum internationale Fraendag iwwer de laange Wee a Richtung Gläichstellung.
Maxime Miltgen
D'Presidentin vun de Femmes socialistes a Stater Gemengeconseillère wëllt mam Georges Engel d'Presidence vun der LSAP iwwerhuelen. Wou wëllt si d'Partei genee hiféieren?
Charel Schmit
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher fuerdert e Verbuet, fir Mannerjäreger an den Erwuesseneprisong ze placéieren. Wéi eng Alternative missten amplaz geschafe ginn?
Alain Massen
De Psychotherapeut war 6 Joer laang President vun der nationaler Elterevertriedung. Wéi eng Chancen an Erausfuerderunge gesäit hien op de Lëtzebuerger Schoulsystem duerkommen?
Gusty Graas (DP) an David Wagner (déi Lénk)
Déi zwee Deputéiert hunn ënnerschiddlech Vuen op de Konflikt am Noen Osten. Wéi bewäerte si déi rezent Ugrëff, d'Äntwert vum Iran an d'Zukunft vum Land?
Gérard Zens
Déi méisproocheg ëffentlech École Internationale de Differdange et d’Esch-sur-Alzette (EIDE) kritt 10 Joer. Mat hirem Direkter geheie mir ee Bléck zeréck an no vir.
Chris Roller
Affär Wilmes, Dokteschtariffer, CNS-Verhandlungen: am Gesondheetssecteur komme grad vill Problemer beieneen. Wat mécht d'AMMD fir d'Vertrauen ze erhalen? Froen un hire President
Mireille Welter a Max Pesch
D'Gemeng Esch-Sauer krut rezent eng nei Buergermeeschtesch a Bech een neie Buergermeeschter. Mat hinne schwätze mir iwwer d'Erausfuerderunge vu klenge Gemengen.
Françoise Kemp
D'CSV-Deputéiert verréit, firwat si léiwer Presidentin vum Südbezierk gouf wéi Co-Generalsekretärin vun der Partei ze bleiwen.
Yves Germeaux
D'Supreme Court an den USA huet dem Donald Trump seng Taxe gekippt, deen huet direkt neier decdiéiert. Wat bedeit dat fir d'EU? Explikatioune vum Yves Germeaux vun der FEDIL
Tilly Metz
Déi gréng Europadeputéiert schwätzt iwwer hire Kampf géint den Tabagissem ... a géint déi staark Presenz vun Tubaks-Lobbyisten an de Couloire vum Europaparlament.
Michel Knepper
De Bilan vun den Olympesche Wanterspiller - aus Lëtzbuerger Siicht an allgemeng - mam President vum COSL
Dirk Becker
De Generalsekretär vun der Association Luxembourgeoise des Pilotes de Ligne (ALPL) reagéiert op déi rezent Serie vun Tëschefäll mat Luxair-Maschinnen.
Jean-Marie Jans
Froen un deen neie Beetebuerger CSV-Buergermeeschter, deen am Januar d'Nofolleg vum Laurent Zeimet iwwerholl huet.
Serge Allegrezza
Zënter 10 Joer stagnéiert d'Produktivitéit hei am Land: Wéi kann ee se steigeren? Ë. a. déi Fro beäntwert de President vum Conseil national de la productivité.
Yuriko Backes
Nom EU- an dem NATO-Conseil, virun der Münchener Sécherheetskonferenz: Froen un d'Verteidegungsministesch
Bruno Alves an Norry Schneider
Mir huele mam Beamte vum Ëmweltministère an dem Vertrieder vun der Organisatioun CELL deen neie Strategiepabeier fir d'Upassung un de Klimawandel ënner d'Lupp.