Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
D’Uni Lëtzebuerg huet en neie Rekteur. De Rainer Klump huet virum Weekend offiziell d’Amt iwwerholl. Als symbolesche Geste krut hie virun 200 Gäscht d'gëlle Buch vun der Uni iwwerreecht. Säi Virgänger, de Rolf Tarrach, gesäit vill Potential an der Uni Lëtzebuerg. De Chris Zeien huet sech d’lescht Woch um Bord vun der Passation de Pouvoir mam Rolf Tarrach ënnerhal a gefrot, wat fir de Rolf Tarrach als éischte Rekteur tëscht 2004 an 2014 anescht gewiescht wier, wéi op Unien am Ausland.(Rediff. vu 07:40)