Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Invitée vum Dag ass d'Martine Neyen, Directrice vun der Fondation Cancer, mat engem Réckbléck op 2014 an Explikatiounen iwwert d’Kriibskrankheeten hei zu Lëtzebuerg, mee virun allem gouf haut de Moie fréi probéiert d'Bild vum Kriibs vu fréier mat deem vun haut ze vergläichen a Rieds goung och iwwer dat wat wichteg ass fir dës Krankheet hautdesdaags, souwäit wéi nëmme méiglech, ent-diaboliséiert ze kréien. Virop wollt e Philippe Hansen gewuer gi, wéi d’Statistiken am Grand-Duché ausgesinn, well jo praktesch jidderee vun eis eemol mam Thema konfrontéiert gëtt.(Rediff. vu 07:40)