Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Invité vum Dag ass de Patrick Remakel, President vum SNE, dem Syndicat National des Enseignants mat deem de Philippe Hansen haut de Moie fréi e Bilan vun engem Joer Schoulpolitik ënner der blo-rout-grénger Regierung gezunn huet. Zanter en Donneschdeg besteet jo de Risque, dass 1500 Proffen d’Ofschloss-Exame vum nächste Joer boykottéieren. An där Hinsicht konnten déi sektoriell Gewerkschaften an d’Proffen nach keen Accord mam Educatiounsminister Claude Meisch fannen. Wat d’ Pronostiquen an eventuel Geforen ugeet, sot de Patrick Remakel. (Rediff. vu 07:40)