Konferenzen
Forum des Civilisations - Les Journées d’Echternach
D'Historikerin Renée Wagener* zum Thema “La mémoire sélective: Charlotte oui, Marie-Adélaïde non”.
Fir vill Lëtzebuerger ass d’Groussherzogin Charlotte eng ”Helleg”. Vill Bicher, Monografien an Artikele goufen Hir dediéiert, déi allerdéngs eng kritesch, historesch Analys vermësse loossen. D’Bild vun engem nationalen Idol gëtt och am Film ”Léif Lëtzebuerger” confirméiert. Wann d’Publikatiounen iwwert d’Charlotte ënnert enger iwwerdriwwener Admiratioun leiden, esou ginn et guer keng Publikatiounen iwwer Hir Schwëster Marie-Adélaïde. Wéi kann een dat erklären, datt iwwer esou e faszinante Personnage keng sérieux Biografie geschriwwe gouf, keng Recherche am Fong, déi eis erlabe géif, déi komplex Epoch besser ze verstoen?
Eng Opnam verschafft vum Carlo Link.
*D’Renée Wagener ass Sozialwëssenschaftlerin a Journalistin a war Politikerin bei déi gréng.