arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Summer, Sonn, Vakanz, ... an en Hit
Episoden
Andy Bausch
De Lëtzebuerger Filmpionéier ass definitiv kee Vakanzemënsch.
Nicool
Fir d'Rapperin bedeit de Summer eng Zäit vu Rou a fir Energie ze sammelen.
CHAiLD
De Lëtzebuerger Museker zitt et an der Summervakanz bei d'Famill an Italien. Um Programm steet: sech rechargéieren, liesen a schreiwen.
Isabelle Gales
De Summer ass do fir ofzeschalten, fir och Zäit ze hu fir Frënn, déi ee laang net gesinn huet, dorop freet sech d'Wënzerin.
Thorunn
Äerdbieren, Äistéi an e Schratt méi lues am Summer fir d'Sängerin
Nicolas Havé
Op e Summer mat Kolleegen doheem, doropper, freet sech de Videograf.
Claire Parsons
Wann d'Musekerin net mam Van ënnerwee ass, da gëtt dëse Summer genotzt fir um neien Haus ze schaffen.
Claude Mangen
Dëse Summer notz den Direkter vum Mierscher Kulturhaus fir sech ze stäerken an d'Haus an de Gaart ze genéissen.
Edsun
De Lëtzebuerger R&B Museker zielt iwwer seng Summerpläng an huet e perséinlecht Wonschlidd matbruecht.
Larisa Faber
Slowdown als Liewensastellung, dat misst ee sech uwinnen. Phase vu Rou aplangen, wéi elo iwwer de Summer, ass schwiereg, seet d'Schauspillerin an Autorin vun Theaterstécker.
Alain Brever
"Dynamesch a frou sinn ech, a Langweil, dat gëtt et guer net bei mir", seet den Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter
Pascal Lucius
Dem Lëtzebuerger Influencer a YouTuber säin Domän ass d'E-Mobilitéit. Hie wëllt, datt d'Entwécklung vun der E-Mobilitéit besser gëtt.
Davide Mirizzi
De Bassist an Educateur feiert gäre mat Frënn a Kolleegen zesummen.
Georges Goerens
Hien huet vill Pseudonymen ... am bekanntsten ass "Bartleby Delicate". Säi Summerhit ass Prince fir Aarmer.
Rina Kettel
"Mäi Gaart a meng Hénger maache mech glécklech", seet d'Mataarbechterin vum ACL.
Roby Langers
"Ech hu gejaut wéi ee klenge Bouf", war dem fréiere Fussballprofi an Nationalspiller seng Reaktioun, wéi de Bob Jungels déi néngt Etapp am Tour de France gewonnen huet.
Jérôme Jaminet
Den Enseignant, Auteur a Literaturkritiker geet op een Tour d'Europe mat der Famill.
Patrick Michaely
Aus dem natur musée eraus an d'Natur: den Direkter vum natur musée ass mat der ganzer Ekipp zu Diddeleng op der Haard ënnerwee.
- 1
- 2