Radioen

On air

De Moien  |  Matthew Wilder - Break My Stride

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reen a Bou - Op Schratt an Tratt mam Wieder

Episoden

De Weekend genéissen

Trotz meteorologeschem Hierscht ass et zimmlech waarm dobaussen, mee dat och net méi fir laang. Eng Omega-Wiederlag suergt nach fir gutt Wieder de Weekend.
headphones

6 min

play_arrow

De Spéitsummer ass ënnerwee

Vun haut un ass meteorologeschen Hierscht, mee den Temperaturen ass dat egal. Eng gefillt fréi Hierscht-Woch hu mir esou gutt wéi hanner eis, mee besser Deeg sinn um Wee.
headphones

8 min

play_arrow

De Summer seet Äddi

Viru Kuerzem hate mir eis nach iwwer e Summer-Comeback gefreet, mee dat war et elo schonn. Vum Weekend u stellt sech d'Wiederlag komplett ëm.
headphones

6 min

play_arrow

Den Héichsummer kënnt zeréck

Schmeier ass et jo schonn, a geschwënn gëtt et nach en Tick méi waarm: De leschte Summermount ass ugebrach, an e probéiert nach eng Kéier säi Bescht.
headphones

6 min

play_arrow

De Summer mécht e Comeback

Déi lescht Kéieren hu mir drop gehofft, elo ass et esouwäit. De Summer ass tatsächlech zeréck! Just klammen d'Wäerter nach net all ze héich.
headphones

10 min

play_arrow

Hoffnung op Spéitsummer klëmmt

Eng weider net wierklech summerlech Woch geet op en Enn. Och wann et de Moment nach net duerno ausgesäit, kann een esou lues erëm op Summerwieder hoffen.
headphones

6 min

play_arrow

Hëtztwell verzitt sech aus dem Mëttelmierraum

Zanter der leschter Woch ass sech de Summer heiheem net méi wierklech weise komm. Iwwer Mëtteleuropa ass et méi kill, mee och am Mëttelmier gëtt et eng Ofkillung.
headphones

7 min

play_arrow

Weiderhi grouss Hëtzt a Südeuropa

Heiheem bleift et variabel, iwwerdeems déi grouss Hëtzt a Südeuropa och iwwer de Weekend hänkt.
headphones

7 min

play_arrow

Weiderhin net vill Reen a Siicht

Trotz den Donnerwiedere kënnt net deen néidege Reen zesummen. D'Temperaturschwankunge bleiwen, awer och de Reendefizit.
headphones

5 min

play_arrow

Wéi geet et mat der Hëtzt virun?

Mir hunn en immens waarme Weekend hanner eis, lokal huet et och geknuppt. Bleift d'Hëtzt zu Lëtzebuerg? Oder kënne mir eis gläich op eng Ofkillung freeën?
headphones

6 min

play_arrow

Kuerz Hëtztwell steet un

No engem Réckzuch kënnt sech de Summer esou richteg weisen zu Lëtzebuerg. De Weekend iwwer gëtt et waarm, mee et sollt net all ze laang unhalen.
headphones

6 min

play_arrow

Summer-Comeback nächste Weekend

D'Woch gëtt eng variabel, d'Temperaturen hale sech nach eng Zäitchen zeréck, mee net méi laang. Geschwë gëtt et erëm méi waarm.
headphones

4 min

play_arrow

Kalfront bréngt Summer-Paus

Iwwer de Weekend leet de Summer eng Paus an. E bësse Reen ass méiglech an och d'Temperature ginn zeréck.
headphones

5 min

play_arrow

Et gëtt manner waarm

An der neier Wiederwoch kréie mir et mat engem däitlech méi variabelem Charakter ze dinn. Er ännert sech e bëssen eppes un eisem Grousswiederlag-Muster.
headphones

6 min

play_arrow

Eng kniwweleg Woch steet un

Eng Woch mat Temperaturschwankungen mee och mat Donnerwiederrisk steet un. D'Wieder schléit ëm, an zwar op schmeier a waarmt Summerwieder.
headphones

6 min

play_arrow

Den Donnerwiederrisk klëmmt

De Weekend gëtt et erëm héichsummerlech waarm zu Lëtzebuerg. Eis erwaarden Temperature vun 30° C an driwwer, mee och den Donnerwiederrisk geet esou lues an d'Luucht.
headphones

6 min

play_arrow

Wéini reent et mol erëm?

Den éischte richteg waarme Weekend vum Joer hu mir hannert eis. De Weekend iwwer si just e puer eenzel Wolleken duerchgezunn, iwwerdeems et richteg waarm war. Wat feelt, ass Reen.
headphones

7 min

play_arrow

Deen éischten héichsummerleche Weekend

De Weekend kënnt den Héichsummer op Lëtzebuerg, déi lokal Schaueraktivitéit geet zeréck an et gëtt méi waarm.
headphones

8 min

play_arrow

Ënnerwee a Richtung 30 Grad

De Summer ass do a wëll elo och net méi esou richteg fort.
headphones

7 min

play_arrow

Wéi laang bleift et nach esou gutt?

D'Sonn huet eis mëttlerweil esou richteg am Grëff.
headphones

5 min

play_arrow