Radioen

On air

Tockcity  |  Magic City Hippies - What We Wanna

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kultur

Episoden

Nei Mesurë fir d'Kultur

Kulturell Institutiounen däerfe viraussiichtlech erëm hir Dieren opmaachen, dat natierlech ënner strikte Konditiounen.

Schwaarzwäiss Fotografie géint Schwarzwäissmolerei

Zwee Bouwe ginn Aarm an Aarm duerch eng Groussstad. 1953 an Amerika keng Selbstverständlechkeet, well deen ee schwaarz, deen anere wäiss ass.

Der Gohar Sharoyan hir SpärstonnEN

Déi armeenesch Kommunikatiounsstudentin Gohar Sharoyan deet sech a Corona-Zäite mat de maskéierte Gesiichtsmimiken am Espace public schwéier.

Déi jiddesch Communautéit Ioannina

Déi jiddesch Communautéit Ioannina gesäit fir sech, am Nordweste vu Griichenland, keng wierklech Zukunft.

Filmkritik: "His House" (Netflix)

Eng Koppel vun afrikanesche Refugiéë muss sech an der Wunneng mat Geeschter erëmklappen. D'Schicksal vu Flüchtlingen a Form vun engem Horrorfilm.

Dieren erëm op fir de Kultursecteur - Reaktiounen

"Mir sollen elo mol all mat den zwee Féiss um Buedem bleiwen", Claude Mangen

"Fake better" mam Kënschtler Filip Markiewicz

De Projet "Celebration Factory" huet de Filip Markiewicz véier Joer laang beschäftegt. An enger Publikatioun zitt hie bildlech an textlech Bilan.

E Gespréich mam Paul Thiltges

Dee lëtzebuergesche Filmproduzent huet 2020 e Gebuertsdag gefeiert, op deem een normalerweis op d'Beruffsliewen zeréckbléckt.

Keng "The Family of Man" ouni d'Mamm

Den Edward Steichen hat vill Respekt viru senger Mamm an huet hir dowéinst och eng Éiereplaz a senger Fotoexpo "The Family of Man" ginn.

Virun 100 Joer gebuer: Friedrich Dürrenmatt (1921-1990)

De Friedrich Dürrenmatt wier haut op den Dag 100 Joer al ginn. E kuerze Portrait vum grousse Schwäizer Schrëftsteller

Buchkritik: Jean Sorrente - "La Guerre du temps" (Hydre Editions)

Wéi d'Kollaboratioun mat den Nazien déi nächst Generatioune belaascht ... An dësem komplexe Roman verschafft den Auteur déi problematesch Geschicht vu senger Famill.

La mosquée de Lisbonne

Dans les soubassements du cloître de l'actuelle cathédrale de Lisbonne ont été découverts les vestiges d'une ancienne mosquée du 12e siècle.

Vun alle Visiteure verlooss: de World Airport am Mudam

Dem Thomas Hirschhorn seng Installatioun "World Airport" war fir hien eng wichteg Aarbecht, a si ass 1998 an der Mudam-Kollektioun gelant.

E bësse Radau Radar fir en extrem rouege Silvester

D'Klanginstallatioun "Radau Radar" huet dräi interessant Fraen zesummebruecht, och wa sech hir Weeër an der Realitéit net gekräizt hunn.

Eng Pianiste-Karriär an der Pandemie

De Yoav Levanon ass ee vun de villverspriechendste jonke Pianisten am Moment. 2020 wollt hien eigentlech seng international Karriär lancéieren. Du koum alles anescht.

Réckbléck 2020

Vu Berlin, e feuilletonistesche Bléck op 2020

Luxemburg und der Zweite Weltkrieg - Resistenz a Repressalien

Och Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller ware vun Ëmsiidlungen an Deportatioun net verschount.

Réckbléck Esch 2022

En turbulent Joer fir Esch 2022 - mir kucken zeréck.

Iwwer de verstuerwene Couturier Pierre Cardin (1922-2020)

De Pierre Cardin ass gëschter am Alter vun 98 Joer gestuerwen. De Stilist ass weltberüümt gi mat senger futuristescher Moud a sengem Lizenz-System.

De Chantier vum "Casino Display" beim Engel

Kënschtlerresidenzen ouni Drock, Expoe vu Konschtstudenten, eng Studentefoire fir Konschtberuffer: dat sinn d'Pläng fir de "Casino Display".