arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Frank Schroeder
Mam Direkter vum nationale Resistenz-Musée geet rieds iwwer Gedenken un de Puto G, e Repli national an der Wahlcampagne an Auslännerhaass zu Chemnitz.
Alexander Krieps (DP)
Den Dokter, Rugby-Fan an DP-Deputéierte geet net méi mat an d'Wahlen. E Fazit vu senger Carrière als Politiker.
Camille Peping
900 zukünfteg an 12.000 aktuell Enseignanten a Chargé'en ginn um IFEN aus- a weidergebilt. Eng Erausfuerderung fir den Direkter.

Paul Philipp
Mam FLF-President geet virum éischte Match an der UEFA Nations League ë.a. rieds iwwer d'Chance vu Lëtzebuerg an där neier Competitioun.
Patrick Sanavia
D'Gesetz iwwer den Denkmalschtuz hätt sollte virum Summer gestëmmt ginn. Dat ass awer elo net de Fall. Wéi eng Konsquenzen hat dat fir den Denkmalschutz?
Dr. Christopher Goepel
Firwat lafe Jugendlecher doheem fort? Fir wéi ee Malaise ass dee Geste e Symptom? Doriwwer schwätze mer mat engem Jugendpsychiater.
Christine Lejeune & Dr. Andreas König
De Serge Kesseler schwätzt mat der Presidentin vun "Anonym Glécksspiller" a mam Responsabele vun "ausgespillt" iwwert d'Thema Spillsucht.

Dr. Claude Schummer
Mam Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman geet rieds iwwer d'Plaz vu sengen Haiser an der Spidolslandschaft an iwwer Zukunftspläng vum Grupp.
Bernard Gottlieb
Wéi vill Antisemitismus gëtt et zu Lëtzebuerg? En Aarbechtsgrupp, deen zejoert gegrënnt gouf, huet en éischte Rapport virgeluecht.
Pater Alberto Ambrosio
Zwou an eng hallef Millioune Pilger sinn zanter virgëschter an nach bis e Freideg a Saudi-Arabien fir den Hadsch, dee grousse Pèlerinage op Mekka. Den Islam-Spezialist erkläert.
Pascale Arend
2017 gouf den Office nationale de l'enfance reorganiséiert. Mat der Generalkoordinatrice geet rieds iwwer d'Entwécklunge bei der Jugendhëllef.
Mady Juchem - Eric Krebs
Ronn 6.000 Persoune leiden zu Lëtzebuerg un enger Psychos. D'Associatioun AFPL gouf gegrënnt fir op déi spezifesch Problemer opmierksam ze maachen.
Steve Brickler
Mam Sekretär vun der Douanesgewerkschaft geet rieds iwwer déi vill Missioune vun der Verwaltung, fir déi ee méi Mëttel bräicht.
